top of page

Stressbewältegung

Verbessert Är perséinlech Stresskompetenzen

 

​

Dëse Grupp riicht sech u jidderen, déi e méi entspaanten, sécheren a gesonden Ëmgang mat alldeeglechen, familiären a beruffleche Belaaschtunge fanne wëll.

 

Zil?

  • Eegene Stress (preventiv) erkennen

  • Technike léieren am Ëmgang mat Stress

  • Duerch den Austausch Léisunge fir belaaschtend Situatiounen an eege Kompetenzen entwéckelen

 

Moduler/Oflaf:

  • Psychoedukatioun (sech an de Stress besser verstoen)

  • Entspanungstraining (Mindfulness, Relaxatioun…)

  • Mentaltraining (fërderlech Denkweisen an Astellungen entwéckelen)

  • Training fir Problemer ze léisen

  • Zäitmanagement (Prioritéite setzen, Fräizäit plangen)

 

Fir wien?

Erwuessener ab 18 Joer, déi sech dätsch, gestresst an ouni Energie spieren an déi interesséiert sinn dëst ze veränneren. Dëse Gruppeprogramm ka souwuel preventiv, wéi och bei engem engem bestoenden Burnout-Syndrom ugewannt ginn.

 

Wéi oft?

Et fënnt fir d’éischt 1 individuellt Kenneléiergespréich statt. Dono fënnt d’Grupp an engem wöchentleche Rhythmus, iwwert eng Dauer vun 7 Wochen, statt. Et kënnen am Uschloss och individuell Ofschlossgespréicher ugebuede ginn.

 

Sprooch?

Lëtzebuergesch.

 

​

Fir méi Informatiounen kontaktéiert w.e.g. d'Caroline Uhres.

​

Uhres01.jpg

+352 621 619 472

​

psychotherapy@uhres.lu

bottom of page